Mir freeën eis, wann Dir Interessi hutt, bei eiser Associatioun Member wëllen ze ginn, egal ob Dir scho méi laang schreift oder eréischt ugefaang hutt, schrëftstelleresch aktiv ze sinn.
De Conseil d'administration vun A:LL Schrëftsteller*innen, dee sech mat den Demande befaasst, baséiert seng Entscheedung ë. a. op dëser net exhaustiver Lëscht u Critèren, fir déi reegelméisseg an effektiv Aktivitéit z’evaluéieren; dorënner fale v. a.:


  • an de Jore virun dem Areeche vum Bäitrëttsformulaire u Residencë fir Schrëftsteller*innen deelhuelen, déi vu professionelle Strukturen zu Lëtzebuerg an/oder am Ausland proposéiert ginn,
  • an de Jore virun dem Areeche vum Bäitrëttsformulaire bei engem Editeur publizéieren,
  • an de Jore virun dem Areeche vum Bäitrëttsformulaire gi Wierker vun enger professioneller Struktur oder Compagnie produzéiert respektiv opgefouert,
  • literaresch Präisser an/oder Auszeechnungen erhalen, déi zu Lëtzebuerg an/oder am Ausland vun enger professioneller an unerkannter literarescher Autoritéit vergi ginn,
  • an de Jore virun dem Areeche vum Bäitrëttsformulaire u literaresch Manifestatiounen, Treffen an/oder Festivals deelhuelen, déi zu Lëtzebuerg an/oder am Ausland vu professionelle Strukturen organiséiert ginn.


Zéckt net, eis doriwwer eraus Är perséinlech Motivatiounen a weider Detailer, déi Iech relevant erschéngen, matzedeelen! Mir freeën eis, vun Iech ze héieren. De Formulaire d'adhésion (elo och an englescher Sprooch, op Däitsch an op Lëtzebuergesch) kënnt Dir ausgefëllt an ënnerschriwwen schécken - als Scan op info@a-ll.lu respektiv als Bréif un: A:LL Schrëftsteller*innen asbl, 1, rue de Laroche, L-1918 Luxembourg.